MENG LEESCHTUNGEN

Ech beroden dech individuell, well du bass eenzegaarteg! 

Duerch eng Ernierungsëmstellung sou wéi duerch holistesch Moossnamen kënnen chroneschen Wéi, Allergien an Intoleranze miniméiert oder souguer geheelt ginn. Am Kader vu menger Ernierungsberodung entwéckelen ech dofir eng Ernierungsform, déi fir dech besonnesch gëeegent ass, déi an däin Alldag integréiert ka ginn an dir e méi gesond Liewen mat méi Energie a Liewensqualitéit gëtt. 

 

Ech erklären dir d'Verbindungen tëscht denger viregter Ernierung an denger Gesondheet.
Ausserdeem ginn ech dir holistesch Moossnamen mat op däin Wee fir däin Kierper a Gläichgewiicht ze bréngen, däin Daarm ze stäerken a gläichzäiteg däin Immunsystem. Du kriss vun mir individuell Rezepter, déi beim Kachen Spaass maachen, déi dech mat wäertvollen Vitaminnen a Mineralstoffer versuergen an dech natierlech och sat maachen.


Du hues elo d'Chance méi gesond ze ginn!

 

Mir wëllen d'Symptomer net ënnerdrécken, mä éischter d'Ursaachen sichen an esou wäit wéi méiglech eliminéieren.
Mat menger holistescher Berodung kanns Du folgend Ziler erreechen:

 

  • Wuelfillgewiicht bei Iwwergewiicht oder Ënnergewiicht
  • Gesond Iessen
  • Hautproblemer, Kappwéi an Verdauungsproblemer (Blähungen, Sodbrennen, Diarrho, ...) miniméieren/eliminéieren
  • Berodung bäi Mo-/Daarmkrankheeten (Colitis, Reizdarm Syndrom)
  • Berodung bäi Allergien an Intoleranzen (Fruktose, Laktose, Histamin, Gluten)
  • Berodung bäi vegetaresch oder vegan Ernierung 
  • Equilibréiert Ernierung fir schwanger Fraen, Puppelcher a Kanner
  • Präventioun an Hëllef bei kardiovaskuläre Krankheeten, Autoimmunerkrankungen, Arthritis, Arthrosis, Gicht

ÉISCHT GESPRÉICH

60,00 Euro (ca.1,5 Stonn)

D'Basis fir all Consultatioun ass dat éischt Gespréich. Hei léiere mir eis kennen a kucken op deng Erwaardungen an Ziler wat meng Berodung ugeet.

Mir fëllen dann zesummen e Questionnaire aus an Du kriss e Ernierungstagebuch. De Questionnaire an d Ernierungstagebuch gi benotzt fir deng Ugangssituatioun ze notéieren an d'Basis fir déi bescht méiglech, holistesch an individuell Berodung ze bilden.



GANZHEETLECH BERODUNG

290,00 Euro (ca. 2 Stonnen)

D'Berodung baut um éischt Gespréich op a besteet aus folgende Komponenten:

  • Evaluatioun an Analyse vun dengen Dokumenter
  • Perséinlech Consultatioun (ca. 2 Stonnen) fir d'Verbindungen tëscht denger Gesondheet an denger viregter Ernierung z'erklären
  • Individuellen Ernierungsplang mat holistesche Moossname fir deng Ziler z'erreechen
  • Rezept Iwwersiicht mat jeeweils 6 bis 9 Suggestiounen fir Moies-, Mëtteg- an Owesiessen
  • Äntwerten op deng oppe Froen
  • Ënnerstëtzung a reegelméissegen Austausch iwwer däin Wuelbefannen wärend den éischte 6 bis 8 Wochen
  • Ofschlossgespréich a gemeinsam Reflexioun


ZOUSÄTZLECH BERODUNG

65,00 Euro (60 Minutten)

Wann's Du weider Ënnerstëtzung oder Betreiung brauchs, ass eng weider Berodung natierlech zu all Moment méiglech. Mir setzen nei Ziler, gären och iwwer Telefon.
D'Rechnung vun de Käschten, déi ab elo entstinn, gëtt stonneweis duerchgefouert.



ALTERNATIV ERNIERUNG

65,00 Euro (60 Minutten)

Gären ënnerstëtzen ech dech och bäi der gesonder Ernierung vun dengen Kanner. Ech bidden och Berodungen bäi vegan oder vegetaresch Ernierung un. Och bei all weideren Ernierungsfroen an Onkloerheeten stinn ech dir zur Säit a beroden dech no dengen Besoinen.



ZESUMMEN AKAFEN

60,00 Euro (60 Minutten)

Mir kafen zesummen an dengem Liiblingssupermarché, um Wochemaart oder am Biobuttek an.

Dobäi sichen mir déi richteg Liewensmëttel fir deng Ernierung aus a kontrolléieren Zutaten fir schlecht Inhaltsstoffer z'identifizéieren a gesond Alternativen ze fannen.



FRIGO-CHECK

 50,00 Euro (60 Minutten)

Zesummen kontrolléieren mir däin Frigo an deng Kicheschief.

Baséierend op den Zutaten erklären ech dir wéi eng Liewensmëttel Du weider iesse kanns a wéi eng Du besser vermeiden solls.
Ech weisen dir och wéi dës duerch méi gesond Produkter ersat kënne ginn.