Ganzheetlech Gesondheets- an Ernierungsberodung

Glécklech ass deen, deen gesond ass!

 

Schéin dass du hei bass! Wann's Du bereet bass deng Ernierung z'änneren, begleeden ech dech ganz gär op denger Rees.

 

Mäin Numm ass Julie Wagner an ech hunn holistesch Gesondheets- an Ernierungsberodung studéiert. Ursprénglech well ech endlech selwer gesond wollt ginn.

 

Jorelaang hunn mech Verdauungsproblemer, Mowéi, Kappwéi a vill Schwindel geplot. De villen Mësserfolleg bäi den Dokteren huet mech ëmmer méi verzweiwelen gelooss - bis ech mäi Liewen selwer an d'Hand geholl hunn!

Wärend menger Ausbildung konnt ech dat wat ech geléiert hunn direkt un mengem eegene Kierper ëmsetzen an konnt meng Krankheeten duerch eng Ernierungsëmstellung heelen.
Mäin Bauchgefill huet sech verbessert, meng Liewensqualitéit an Energie sinn eropgaangen an ech gouf  soumat méi glécklech.

 

Ech weess datt vill Leit och sou fillen an dofir ginn ech mäi Räichtum un Erfarungen gär weider, fir och däin Bauchgefill ze verbesseren.

Julie Wagner

Ganzheetlech Ernierungs- an Gesondheetscoach

 



IWWERSIICHT VUN DE LEESCHTUNGEN

Éischt Gespréich

 

Grondlag fir déi individuell Berodung. 60,00 Euro

Ganzheetlech Berodung

 

Däin individuellen Ernierungsplang.

290,00 Euro

Zousätzlech Berodung

 

Ënnerstëtzung bäi weideren Froen.

65,00 Euro (60 Minutten)


Alternativ Ernierung

 

Berodung bäi spezieller Ernierung.

65,00 Euro (60 Minutten)

Zesummen akafen

 

 Tipps bäi der Auswiel vun Produiten.

60,00 Euro (60 Minutten)

Frigo-Check

 

Check vun de Liewensmëttel am Frigo.

50,00 Euro (60 Minutten)



 

D’Consultatiounen fannen jee no dengen Wënsch bäi mir oder bei dir doheem statt.

Bannent engem Radius vun 20 Kilometer (ronderëm Kehmen) kommen ech gratis bei dech heem.

Bäi enger Distanz vun 21 km oder méi berechnen ech e Forfait vun 0,50 Euro pro Kilometer.

Mir kënnen och gär online Rendez-vousen arrangéieren.


MAACH ELO DÄIN RENDEZ-VOUS FIR D'ÉISCHT GESPRÉICH AUS!